Chinesesch
D'Halschent vum Salz an 90 ml kalem Waasser opléisen. 90 ml frësch gekacht Waasser an d'Miel schëdden an dobäi mat Stäbercher réieren, dat gesalzt kaalt Waasser bäiginn an zu engem mëllen, glaten Deeg knéien; zoudecken an 30 Minutte raste loossen.
Déi 3 Zoppeläffel Ueleg, 2 Zoppeläffel Miel an d'Fënnef-Gewierz-Polver zu enger glater Past verréieren.
Den Deeg a 6 Stécker deelen an all Stéck zu engem dënne Rechteck vun ongeféier 15 x 25 cm auswalen.
All Plack mat der Uelegpast besträichen, mat de Fréilingsënnen an dem Rescht vum Salz bestreeën, vun der laanger Säit hier fest zu engem Strang oprollen, dësen zu enger Spiral opwéckelen an d'Enn ënnendrënner stiechen; 10 Minutte raste loossen.
All Spiral mat der Handfläch platt drécken an zu enger Ronn vun 18 cm an ongeféier 5 mm Déckt auswalen.
2 Kaffisläffel Ueleg an enger Pan op mëttlerer Hëtzt waarm maachen an all Pannekuch 3-4 Minutte pro Säit baken, déi éischt Minutt zougedeckt, bis e goldbrong a knusprech ass.
D'Kante mat zwou Spatele Richtung Mëtt drécken, fir d'Schichten opzemaachen, a Stécker schneiden a waarm servéieren.