International
Spült de Räis a loosst en dann am Waasser mat der Kanelstaang, der Zitrounenschuel an dem Salz 10-12 Minutte siichteg kachen, bis d'Waasser bal ganz opgesaugt ass.
Maacht d'Mëllech waarm, mee loosst se net kachen, a gitt se bei de Räis.
Loosst alles ouni Deckel op klenger Hëtzt 30-35 Minutte siichteg kachen a réiert dacks, sou datt de Räis net ubäckt, bis de Räis ganz mëll an d'Mass cremeg ass.
Réiert den Zocker drënner a loosst alles nach 5 Minutte kachen, bis et déck, mee nach ëmmer flësseg ass.
Huelt d'Kanelstaang an d'Zitrounenschuel eraus a réiert d'Vanill drënner.
Verdeelt de Mëllechräis op 8 Schësselcher; en gëtt nach méi déck, wann en ofkillt.
Bestreet en mat gemuelenem Kanel a servéiert en waarm oder gekillt.