Russesch
D'Rëndfleesch mat dem kale Waasser bedecken, opkache loossen, de Schaum ofhuelen an hallef zougedeckt 1,5 Stonne lues kache loossen; an der Tëschenzäit d'Gerscht ofspullen an a kalem Waasser wäiche loossen.
D'Rëndfleesch erausuelen, d'Fleesch vum Schank ofschneiden, a kleng Stécker schneiden an zréck an d'Bouillon ginn.
D'Gerscht ofsiwen, an d'Bouillon ginn an 20 Minutte lues kache loossen.
Déi a Wierfele geschnidde Gromperen derbäiginn an 10 Minutte kachen, während s du déi gehackten Ënn an déi gerappte Muert 7 Minutten am Ueleg bréits.
Déi gerappte Kornischongen an dat gebroden Geméis an den Dëppe ginn an 10 Minutte lues kache loossen.
D'Laach derbäischëdden, d'Laurierblieder, d'Päfferkären a Salz no Gout derbäiginn an nach 5 Minutte lues kache loossen.
10 Minutte raschte loossen a mat Schmand an Dill zerwéieren.