Russesch
De Räis a vill gesalzenem Waasser 15 Minutte kachen, ofgoss, mat kalem Waasser ofspullen an ofkille loossen.
D'Eeër 10 Minutten haart kachen, a kalem Waasser ofkillen, schielen an a Wierfele schneiden.
D'Surimi-Stäbercher an d'Gurk a Wierfele vun 1 cm schneiden.
De Mais gutt ofdrëpse loossen.
D'Surimi-Stäbercher, de Mais, d'Eeër, de Räis, d'Gurk an den Dill an enger grousser Schossel vermëschen.
D'Mayonnaise ënnerréieren, mat Salz a Peffer ofschmaachen a virum Servéieren 30 Minutten am Frigo kill stellen.